Dëse Freideg kommen déi nei Single vum Adele an deen neien Album vu Coldplay eraus!

D'Adele ass definitiv eng vun deene gréisste Kënschtlerinnen aus dem 21. Joerhonnert. No 6 Joer Paus bréngt hatt dëse Freiden endlech eng nei Single mam Titel "Easy On Me" eraus. De Weekend kruten d'Fans wärend dem Adele sengem alleréischten Instagram-Live scho ganzer 35 Sekonnen vum neien Track ze héieren. Deen neie Song fänkt mat engem kuerze Piano-Solo un, duerno klëmmt d'Adele mat den Zeilen "There ain't no gold in this river that I've been washing my handy in forever. I know there is hope in there waters but i can't bring myself to swim when I am drowning in this silence. Baby, let me in." eran. D'Fans feieren "Easy On Me" elo schonn als Lidd vum Joer. Wéi den Track a voller Längt kléngt, gi mir dann e Freideg gewuer!

Dëse Freiden de 15. Oktober bréngen ausserdeem Coldplay hiren neien Album "Music of the Spheres" eraus. Am Virfeld hate ronn 400 Fans an engem klenge Studio zu Berlin-Adlershof de Weekend d'Geleeënheet de Longplayer eng Woch viru Release ze erliewen. Nieft deenen neien Tracks ewéi zum Beispill "My Universe" oder "Coloratura" waren awer och e puer vun hire Klassiker op der Setlëscht. Wéi "Music of the Spheres" a voller Längt kléngt, gi mir Normalos dann e Freideg gewuer!