Den däitsche Gangester-Rapper huet ugekënnegt, dass hien eng Serie op Amazon Video wäert kréien.

Den däitsche Rapper Bushido huet sech vun der Crew vun Amazon Video wärend dräi Joer filme gelooss. Aus deenen Opnamen ass dann eng nei Serie entstanen, déi aus 6 Episode wäert bestoen.

D'Serie "Unzensiert - Bushido's Wahrheit" wäert de 26. November dann op Amazon Video online goen. Wärend den Dréiaarbechte gouf de Bushido a seng Famill wärend dräi Joer begleet an et ginn och ganz perséinlech Saachen, wéi zum Beispill d'Liewen ënnert Polizeischutz oder d'dréie vu Museksvideoen op ganz exotesche Platzen.