Op der Release-Party vum neien Album, haten sech Coldplay Besuch op d'Bün invitéiert.

Déi brittesch Band Coldplay hunn sech fir de Release vun hirem neien Album "Music of the Spheres" eppes ganz Spezielles ausgeduecht. Ënnert all de Leit, déi den Album virbestallt haten, goufen Tickete verkaaft fir d'Release-Party live zu London.

Wärend dem Event goufen dann niewent deenen neie Lidder och e puer Coldplay Klassiker gespillt. Wéi dunn awer op eemol den Ed Sheeran op der Bün stoung fir zesumme mat der Band d'Lidd "Fix You" ze spillen, waren d'Fans net méi ze halen.