Den Duo Silk Sonic bréngt säin neien Album awer elo méi fréi raus wéi geplangt.

Am Februar 2021 hunn den Anderson Paak an de Bruno Mars ugekënnegt, dass si den Duo Silk Sonic gegrënnt hunn. Nodeems déi éischt zwou Singlen "Leave The Door Open" an "Skate" scho released gi sinn, hunn si lo an engem Interview verroden, dass hiren Album net wéi geplangt am Januar 2022 géif erauskommen, mee schonn am November 2021.  Den Album "An Evening with Silk Sonic" kënnt also well den 12. November 2021 op de Marché.