Den David Guetta huet den DJ Mag Top 100 DJs Voting gewonnen! Dat fir déi zweete Kéier hannerteneen a fir d'Drëtt insgesamt.

Mat de Wierder "It's crazy" huet de franséische Museker de Präis an der AFAS Live zu Amsterdam entgéint geholl. A senger Ried huet hien den DJ-Kolleegen a virun allem awer alleguer senge Fans Merci gesot fir d'Ënnerstëtzung an deene schwéieren Zäiten an deene keng Partys an Events stattfanne konnten.

Hannert dem David Guetta klasséieren sech d'Hollänner Martin Garrix (2) an Armin van Buuren (3). Weltwäit haten am Ganzen iwwer 1,3 Millioune Mënschen fir hiren DJ-Favoritt ofgestëmmt.

An der Top 10 vum Voting sinn donieft bekannten Nimm ewéi Steve Aoki, Oliver Heldens oder Dimitri Vegas & Like Mike ze fannen. Als Iwwerraschung kann een duerchaus notéieren, dass de brasilianesche Superstar ALOK et bis op d'Plaz 4 gepackt huet. Nei an der Lëscht ass ënnert anerem den däitschen Duo VIZE.

Hei déi ganz Top 10 am Iwwerbléck:
1. David Guetta
2. Martin Garrix
3. Armin van Buuren
4. ALOK
5. Dimitri Vegas & Like Mike
6. Afrojack
7. Don Diablo
8. Oliver Heldens
9. Timmy Trumpet
10. Steve Aoki