Dëse Freide kënnt déi nei Single "Easy On Me", elo ass och de Release-Datum vum Album eraus!

Virun enger Woch sinn dës Fotoe viral gaangen:

A wat deemools nach réng Spekulatioun war, steet elo fest! Dem Adele säin neien Album heescht nämlech effektiv "30" a wäert den 19. November 2021 erauskommen. D'Sängerin hat och scho seng dräi lescht Wierker no deem Liewensjoer benannt, an deem d'Aarbechten dorun ugefaangen haten ("19", "21" & "25").

Et wier déi turbulentsten Zäit vu sengem Liewe gewiescht, elo hätt hatt awer säi Fridde fonnt a wier prett fir dësen Album erauszebréngen! Op "30" wäert d'Adele seng Scheedung verschaffen a virun allem op ganz vill Froen agoen, déi him säi Bouf Angelo no der Trennung gestallt huet.