Déi brittesch Band Coldplay huet fir 2022 eng Welttournée ugekënnegt.

Nodeems Coldplay hiren Album "Music of the Spheres" fir de 15. Oktober ugekënnegt hunn, hunn déi brittesch Museker elo dann och nach eng Welttournée ugekënnegt.

Wärend der "Music of the Spheres - Tour" spille Coldplay dann zum Beispill zu Frankfurt, Berlin, Paräis a Bréissel. D'Tickets wäerten den 22. Oktober em 10 Auer moies an de Verkaf goen.