Den däitsche Sänger huet ee Cover Song op Instagram gepost.

Déi brittesch Sängerin Adele hat leschte Freideg seng nei Single "Easy On Me" released an huet fir Unerkennung an der Museksbranche gesuergt.

E puer Deeg méi spéit huet den däitsche Sänger Pietro Lombardi op sengem Instagram-Profil ee Cover vu genee dësem Lidd gepost. Hien huet awer als Entschëllegung dobäi geschriwwen: "Wann et bësse schif soll kléngen, dann entschëllegen ech mech elo schonn."