De kanadesche Rapper The Weeknd wäert am Joer 2022 net méi op Tour goen.

Eigentlech sollt de Star-Rapper The Weeknd am Joer 2022 op Welttournée goen. Wärend der "The After Hours" Tour sollt hien dann och ënnert anerem zu Köln, Mannheim oder Paräis optrieden.

De Museker huet dann och gesot, dass et keng nei Datumer wäert ginn. D'Suen vun den Tickets kann ee bei de Verkafsplazen zeréck froen. Den Numm vun enger neier Tour ass awer well ugekënnegt. Wéini "After Hours Till Dawn" wäert stattfannen ass awer nach net gewosst.