Et gi rëm eng Rei Museker a Bands an déi weltberüümte Rock & Roll Hall Of Fame opgeholl.

Säit 1986 ginn all Joer déi wichtegste Bands a Museker an d'Rock & Roll Hall of Fame opgeholl. Et ass fir Museker mat déi gréissten Auszeechnung déi ee kann erreechen.

Dëst Joer ginn dann ënnert anerem d'Tina Turner, Kraftwerk, den Jay-Z an d'Foo Fighters opgeholl. Fir d'Zeremonie ze leede wäerten dann dës Kéier d'Taylor Swift an de Paul McCartney op der Bün stoen.

Den Dave Grohl wäert dann elo fir déi zweete Kéier opgeholl ginn, eng Kéier mat de Foo Fighter an eng Kéier schonn am Joer 2014 mat Nirvana.