Och Spotify Accounts sinn net sécher virun Hackerugrëffer.

Den amerikanesche Rapper 6ix9ine stoung schonn déi eng oder aner Kéier an der Kritik. Fir dëse Problem konnt hien awer elo mol eng Kéier net. Hacker haten nämlech säi Spotify Account gehackt an haten dem Rapper säin Titelbild geännert. Hei huet ee fir eng Zäit ee Bild gesinn, op dem de Rapper sech an eng Rat verwandelt huet.

An der Biografie vum Museker stoungen och déi eng oder aner Frechheet. An Zwëschenzäit ass awer rëm alles wéi virdrun.