Den däitsche Rapper huet no 3 Joer Paus elo säin neien Album "5. Dimension" erausbruecht.

Den 38-Järege Rapper Marteria huet sech wärend der Corona-Pandemie laang mat sengem Ufank als Museker a mat senger Wuerzelen als Mënsch beschäftegt. Dës Theme verschafft hien dann och a sengem neisten Album "5. Dimension".

De Museker selwer seet, dass deen neien Album rëm méi wéi säin Debut-Album "Zum Glück in die Zukunft" aus dem Joer 2010 ass. De Marteria geet dann och d'nächst Joer op Tournée, bei der hien ënnert anerem um Rock am Ring, zu Köln an zu Tréier wäert optrieden.