Niewent enger neier Single ass dann och eng Tour ugekënnegt ginn.

Déi dräi DJ'en vun der Swedish House Mafia hunn sech fir hir neiste Single "Moth To A Flame" mam Star-Museker The Weeknd zesummegedoen. D'Single ass awer net esou EDM-lasteg wéi een dat aus de fréieren Zäiten vun der Swedish House Mafia gewinnt ass. D'Single wäert dann och um neien Album "Paradise Again" mat drop sinn. Wéini deen erauskënnt ass awer nach net gewosst.

No 9 Joer Paus hunn si dann och endlech rëm eng Welttournée ugekënnegt. Den Optakt dovunner ass dann um Coachella Festival am Abrëll. Si kommen awer och an Europa, an zwar ënnert anerem op Paräis, Antwerpen, Köln a München.