De lëtzebuergesche Museker an DJ Jimmi Harvey ass zeréck mat "On & On"

Den Jimmi Harvey ass an der lëtzebuergescher Musekszeen wierklech keen Onbekannten. Hien war a Bands wéi Angel at my Table an Austinn éischter am Rockberäich ënnerwee.

Elo fillt hien sech awer méi der House-Musek doheem an huet mat sengem Projet "Jimmi Harvey" elo seng nei Single "On & On" released. D'Single verbreet direkt relax Stëmmung a suergt definitiv fir Club- an Danzstëmmung.