"written, produced by pain & love..."

De lëtzebuergescher Rapper Maz war viru kuerzem nach beim Chris an Nic op Besuch am Studio6 an huet eis verroden, dass um internationale Marché Fouss ze faassen en Zil wär.

Ma elo huet de Museker en neie Release versprach. A senger Story op Instagram huet hien eng nei Single mam Numm "Prisoners" annoncéiert. Dës soll de 15. November erauskommen an ass wéi an der Story beschriwwe vu Péng a Léift geschriwwen a produzéiert ginn. Mat där Inspiratioun bleift en also der Linn vun der "Emo Season", ënnert deem en och schonn den Track "Eyeliner" erausbruecht huet, d'Trei.

Lauschtert iech hei scho mol e klengen Outtake vun der Single un: