De Museker kënnt op Mallorca an dat am Kader vun enger Präisiwwerreechung.

Déi spuenesch Dageszeitung ''Ultima Hora'' huet matgedeelt, dass den Ed Sheeran um Freideg den 12. November 2021 op d'Partyinsel geet. Fir genau ze si wäert et hien an de Velodrom zéien, déi eemoleg Palma Arena. Do hëlt hien um Event ''LOS40 Music Awards'' deel. Dët Iwwerreechung gëtt all Joer vum Musekssender LOS40 organiséiert.

Nominéiert ass den Ed am Beräich ''International'' an dat direkt 4 mol an zwar an de Kategorien ''Erfollegräichste Kënschtler vum Joer'', ''Beschte Live-Kënschtler vum Joer'' a fir de Song bad Habits an der Kategorie ''beschte Museksvideo'' a ''beschte Song''.