No der Astroworld-Tragedie schloe Festival-Organisateuren en anere Wee an...

Nodeems Honnerte blesséiert goufen, 8 Leit gestuerwe sinn an déi éischt Plainte un d'Organisateuren, dorënner eben och den Travis Scott, gaangen ass, huet de Rapper säi Concertsplang annuléiert huet.

Gëscht huet dann de Festival Day n Vegas en Update op social media gepost an annoncéiert, dass den Travis Scott net méi do optriede wäert.

"D'Sécherheet vun all de Visiteure vum Day N Vegas ass eis Prioritéit a Punkto Plangen. Mir schaffen Hand an Hand mat dem medezineschem Personal, dem Gesetz an den Agencen, déi sech ëm déi ëffentlech Sécherheet suergen. Passt op iech an op déi aner ronderëm iech op. Mir freeën eis iech an e puer Deeg ze gesinn."

Als Ersatz fir den Travis Scott hunn d'Organisateure sech decidéiert op de Post Malone als ee vun den Haapt-Acts zréck ze gräifen.