Eng vun den erfollegräichste Fraen am HipHop gëtt mam berüümte Stär geéiert!

D'Missy Elliott gehéiert zu den erfollegräichste Fraen am ëmmer nach männerdominéierte Rap- an Hip Hop-Business. Mam Debutalbum "Supa Dupa Fly", op deem Songs wéi "Get Ur Freak On" oder och "Work It" drop waren, hat d’Rap-Ikon hire groussen Duerchbroch. Ma och als Produzentin a Label-Cheffin huet sech d’Missy Elliott en Numm gemaach an huet ënnert anerem Songs fir Stare wéi d’Christina Aguilera, Whitney Houston oder P!nk geschriwwen.

Elo gouf dëse Succès dann och a Form vun engem Stär um Hollywood "Walk of Fame" ausgezeechent. Wärend der Zeremonie um Méindeg (08.11) huet d’Musekerin, déi den Tréinen no war,  verroden, dass et duerch Problemer wéi Depressiounen oder Angschtzoustänn net ëmmer esou einfach war mee si duerch de Bäistand vu Gott hire Wee gepackt huet.

Zu Wuert komm sinn och Museker-Kolleeginne Ciara a Lizzo, déi un der Zeremonie deelgeholl haten. Fir si wär d’Missy Elliott "den hellste Stär", esou d’Lizzo, "du weess guer net wat s du alles fir esou fir schwaarz Meedercher gemaach hues".