De lëtzebuergesche Museker huet zesumme mam Addie Nicole eng nei Single erausbruecht!

Den Anselme Pau ass schonn immens laang mat dobäi. No senger klassescher Ausbildung am Conservatoire koum seng revolutionär Phas mat Hard-Rock a Punk. Lues a lues huet hien sech awer och op d'Produktioun vun Jingles, Habillagen, Reklammen an och op den Domaine Film spezialiséiert. Niewebäi huet hien awer och ëmmer Songs geschriwwen, ob fir sech selwer oder zesumme mat Aneren.

2018 ass dem Anselme säi leschte Solo-Instrumental-Album "My private life" erauskomm. Relativ séier duerno wollt hien awer erëm mat anere Kreativen zesummeschaffen an huet Kontakt mat KënschtlerInne weltwäit opgeholl. Erauskomm ass de Projet "Band of Strangers" deen de 27. November erauskënnt.

Den Anselme iwwert säin neie Projet!

Déi nei Single-Auskopplung heescht "Am I Awake". Et ass eng Pop-Dance-Nummer, déi den Anselme am Fong scho fir eng däitsch Interpretin geschriwwen hat. Am Endeffekt huet hien Englesch awer méi gefillt an huet mam Addie Nicole zesummegeschafft.

Den Anselme Pau iwwert seng nei Single!