D'Billie Eilish ass an enger vun deenen neien Episode vun der Sesamstraße ze gesinn an ze héieren!

Zesumme mam Count (Graf Zahl) performed d'Sängerin nämlech eng adaptéiert Versioun vu sengem Hit "Happier Than Ever". An natierlech geet et hei ëm d'Freed Saachen ze zielen! Am Text heescht et: "When I'm counting with you, I'm happier than ever".

D'Billie Eilish ass eng vu ganz ville KënschtlerInnen, Stars a bekannte Perséinlechkeeten déi an där neier an 52. Staffel vun der Sesamstraße en Optrëtt hunn. Ënnert anerem sinn och den Anderson .Paak, d'Kacey Musgraves, d'Auteurin Amanda Gorman oder d'Tennisspillerin Naomi Osaka ze gesinn. D'Staffel leeft den 11. November op HBO Max un.