D'Show versprécht "e futuristesche Bléck an d'Metaverse"!

Den Justin Bieber huet Detailer iwwert en neie virtuelle Concert erausginn, an deem hien a Form vun engem digitalen Avatar erschénge wäert. Dat Ganzt dréit den Titel "Justin Bieber - An Interactive Virtual Experience". Fir den Event huet de Museker mat der Entertainment-Firma Wave zesummegeschafft. D'Kollaboratioun géif de Fans eng futuristesch Erfarung bidden an där Gaming, real-time Motion-Capture a live Musek-Performances an eng eenzegaarteg interaktiv Expérience kombinéiert géife ginn.

D'virtuell Show wäert den 18. November stattfannen an den 20. an 21. November nach eng Kéier iwwerdroe ginn. Enn Februar 2022 geet dann dem Justin Bieber seng Welt-Tournée mam aktuellen Album "Justice" un.