Mat engem neie Projet vum US-Sender ABC soll d'Liewensgeschicht vum Alanis Morissette zur Serie ginn!

Geplangt wier eng Sitcom mam Titel "Relatable" déi sech um Familjeliewe vun der Musekerin orientéiere géif, esou d'Realisateuren. D'Alanis Morissette soll och an der Produktioun vun der Serie bedeelegt sinn, spillt awer selwer net mat. Donieft wäert hatt d'Musek fir d'Sitcom bäisteieren.

D'ZuschauerInnen sollen d'Sängerin als 40-järeg bestuete Mamm vun 3 Kanner kenneléieren, déi an hire fréiere Joren weltwäite Succes als Rockstar hat. D'"Stëmm vun enger ganzer Generatioun" këmmert sech awer elo ëm déi Generatioun déi nokënnt - an déi wëll net ëmmer esou ganz op hatt lauschteren.

ABC betount, dass et sech ëm fiktiv Charakteren handele géif an d'Sitcom vun dohier net autobiographesch verstane gi soll.

D'Alanis Morissette ass eng kanadesch Musekerin an huet virun allem an den 90er Joren mam Album "Jagged Little Pill" an Hits ewéi "You Learn", "Guardian", "You Oughta Know" oder "Ironic" seng gréissten Erfolleger gefeiert!