D'Taylor Swift huet e Freideg säin neien Album "Red (Taylor's Version)" erausbruecht!

Am Oktober 2012 bréngt d'Taylor Swift säin deemools 4. Studio-Album "Red" eraus. Mat drop si Lidder ewéi "We Are Never Getting Back Together", "Begin Again" oder "I Knew You Were Trouble". Et ass dee Longplayer, mat deem hatt fir déi éischte Kéier esou richteg mat neie Sounds experimentéiert an aus dem Country definitiv a Richtung Pop geet. Esouwuel den Album ewéi och d'Lead-Single packen et a ville Länner op d'Eent vun den Charts.

Elo huet d'Taylor Swift eng nei iwwerschaffte Versioun vu sengem Erfollegs-Album erausbruecht: "Red (Taylor's Version)"! D'Swifties kënnen sech deemno op ganzer 30 Tracks freeën, dorënner ënnert anerem och eng 10-Minutte-Versioun vun "All Too Well".

Op senge sozialen Netzwierker huet d'Taylor senge Fans dann och Merci gesot, ouni si wier deen neien Album net méiglech gewiescht: