Nächste Mount kënnt en neie posthumen Album vum Juice WRLD eraus!

De Longplayer heescht "Fighting Demons" a kënnt den 10. Dezember eraus, ewéi dem verstuerwene Rapper seng Mamm elo confirméiert huet. Et ass no "Legends Never Die" (10. Juli 2021) schonn deen zweete posthumen Album vum Juice WRLD. Am Album Trailer ass Archiv-Footage verschafft, op deem een de Rapper am Studio, op Tour an zesumme mat Fans gesäit. Donieft erzielt hien iwwert d'Struggles mat senger mentaler Gesondheet.

Eng éischt Single-Auskopplung vu "Fighting Demons" ass dann och schonn dobaussen: