Den Damon Albarn vun de Gorillaz a Blur huet en neie Solo-Album mam Titel "The Nearer The Fountain, More Pure The Stream Flows" erausbruecht!

D'lescht Joer huet den Damon Albarn déi islännesch Nationalitéit ugeholl. Well seng Mamm aus Dänemark kënnt, hätt hie schonn ëmmer gespuert, dass hien net just Englänner wier, esou den Albarn an engem Interview mat Apple Music. A genee do ass säin neie Longplayer dann och entstanen. Méi genee war dat wärend dem Lockdown am Summer 2021.

"The Nearer The Fountain, More Pure The Stream Flows" ass en Album deen ee mat op eng ganz divers Sound-Rees hëlt, vu waarme Sträicher, iwwer Post-Rock Elementer bis hinn zu grellen Dissonanzen. Och thematesch ass et fir den Damon Albarn e ganz emotionalen Album op deem hien zum Beispill de Verloscht vun engem gudde Kolleeg verschafft.

Am Interview mam Zane Lowe huet de Museker iwweregens och verroden, dass d'Gorillaz aktuell zesumme mat Netflix un engem ganze Film iwwert d'Karriär vun der Band schaffen. Méi Detailer sinn nach net bekannt.