Bei "Spotify Charts" handelt et sech ëm eng Plattform wou een ëmmer déi ganz aktuell Charts am Bléck huet.

De Streaming Portal "Spotify" huet elo hiren neisten Déngscht lancéiert. Bei der neier Plattform "Spotify Charts" kann een sech mat sengem Spotify Account aloggen an zu all Zäit déi aktuellsten Charts am Bléck hunn.

Niewent deenen normalen Top 50 an Top 100 Charts fënnt een allerdéngs hei och bësse méi speziell Saache wéi zum Beispill "Genre Charts", "City Charts" oder "Local Pulse Charts".

Bei den "City Charts" kann een sech also ganz genau ukucken, a wéi enger Staat op der Welt wéi eng Musek am meeschte gelauschtert gëtt. Och den "Local Pulse Charts"-Tool ass zimmlech interessant, vue dass een do ëmmer bësse méi aussergewéinlech Lidder gewise kritt an a wéi enger Staat dës grad gutt ukommen.

Bei allen Charts déi een dann op dëser Plattform fënnt, stinn dann och nach ëmmer vill Hannergrond-Informatiounen dobäi, wéi zum Beispill wéini ee Lidd an d'Charts komm ass a wéi laang et mat dobäi ass.