Déi brittesch Band Arctic Monkeys soll niewent engem neien Album och nach am Summer 2022 op Tour goen.

Déi 4 brittesch Museker vun der Alternative-Rock-Band "Arctic Monkeys" hunn am Joer 2018 hire leschten Album erausbruescht.

Elo huet den Drummer Matt Helder an engem Interview verroden, dass hiren neien Album sou wäit fäerdeg wier an deemno och soll am Joer 2022 erauskommen.

Am Summer 2022 soll d'Band dann och op grouss Tournée goen. Ob d'Band dann och hei zu Lëtzebuerg wäert spille kréie mer da warscheinlech an deenen nächste Méint matgedeelt.v