De lëtzebergeschen Rapper huet mat "Prisoners" seng neiste Single released.

Nodeems de lëtzebuergesche Rapper Maz virun e puer Deeg seng nei Single "Prisoners" op sengem Instagram Account ugekënnegt huet, ass se elo endlech released.

An der Single "Prisoners" séngt de Museker vun enger Bezéiung aus der Vergaangenheet mat enger Persoun déi him immens wichteg ass. Hien seet selwer dass dat deemools richteg Léift war an dass hien immens vill aus der Bezéiung geléiert huet an dass se hien esou geformt huet wéi hien haut ass. Et ass also eng ganz emotional an déifgrënneg Single déi dem Maz seng Gefiller soll beschreiwen.