Déi brittesch Sängerin huet live am Fernsee 3 nei Lidder vu sengem neien Album presentéiert.

D'Sängerin Adele war an der Sendung beim Oprah Winfrey an huet am Virfeld vum Release vu sengem neien Album "30" dräi nei Lidder gespillt.
An der spezial Sendung "Adele: One Night Only" huet d'Sängerin dann d'Lidder "Hold On", "I Drink Wine" an "Love Is A Game" gesongen. 
Dem Adele säin neien Album "30" wäert dann dëse Freideg erauskommen.