No hirem Sträit sollen de Kanye West an den Drake sech elo rëm verstoen.

De Kanye West, deen am Moment jo just nach YE heescht an den Drake haten an deene leschte Jore schonn déi eng oder aner Kéier fir Opreegung gesuergt, well se decke Sträit mateneen haten.

Op Instagram an op Twitter ass awer elo eng Foto opgetaucht, ob der den Drake an de Kanye West zesummen ze gesi sinn. De Kanye West soll dann och den Drake agelueden hunn zesumme mat him op engem Benefice-Concert ze spillen. Et schéngt also, wéi wann de Sträit sech geluecht hätt an een an Zukunft op weider Zesummenaarbechte kann hoffen.