De brittesche Sänger Ed Sheeran huet eng Zesummenaarbecht mat Pokémon Go ugekënnegt.

Den Ed Sheeran huet op Instagram en Story gepost, an der een den Schrëftzoch vun Pokémon Go an sengem Numm gesäit. Dobäi steet dann "coming soon...". Et kann also net méi ganz laang daueren bis mer do méi gewuer ginn.

Wat awer elo genee geplangt ass, dat ass awer nach net gewosst. D'Fans hoffen doropper, dass den Ed Sheeran säin eegenen Avatar am Spill Pokémon Go kritt. Den Ed Sheeran ass souwisou ee grousse Fan vun de Pokémon Figuren an huet verroden, dass den Arktos säin Liebelingspokémon ass.