Nee, dat ass kee Witz....Obwuel Humor an dësem Film eng grouss Roll soll spillen.

D'US-Rocker vun der Band Foo Fighters hunn e relativ speziellen, wéi och skurrille Projet virgestallt. Wéi Variety an Deadline matgedeelt hunn, plangt d'Band am Februar nächst Joer de Film Studio 666 an de Kino ze bréngen.

Dem Frontsänger Dave Grohl no, hätt d'Band elo wärend Joerzéngte genuch lächerlech Museksvideoen an Dokumentatiounen erausbruecht. Et wier also Zäit op de nächste Level ze goen an e richtege Film ze produzéieren.

Studio 666 soll eng Mëschung tëscht Rock, Comedy an Horrorfilm ginn. D'Evenementer geschéien an enger Villa a Südkalifornien. Wärend d'Band hiren aktuellen Album Medicine at Midnight ophëlt, ginn si vun iwwernatierleche Phenomeener a béise Kräft heemgesicht, déi bemol am Haus opdauchen.