No der Single "Love Don't Come Easy" ass dann och elo de Museksvideo dozou released ginn.

Am Mäerz 2021 huet de Museker a Sänger Josh Island seng Single "Love Don't Come Easy" erausbruecht. Kuerz duerno ass dann och seng EP ënnert dem selwechten Titel erauskomm. De Pop-Rock Museker Josh Island hat trotz der Corona Pandemie ee gutt gefëllte Concertssummer.

Elo huet den Josh Island dann och de Museksvideo zu der Single "Love Don't Come Easy" released, deen hien an de leschte Méint zesumme mat Crossfire produzéiert. De Video gouf dann hei zu Lëtzebuerg gedréint a ganz am Stil vun der Polaroid Kamera gehalen.

Wie Bock op d'Akustik-Versioun dovun huet - Den Josh Island war LIVE beim Max & Catherine am Gudde Moien, Mëtteg.