Den David Guetta huet d'Single vu Coldplay a BTS geremixed.

Wien denkt dass den Hype em Coldplay a BTS hir Hitsingle "My Universe" eriwwer wier, dee läit falsch. 
De Star-DJ David Guetta huet genau dës Single elo als Remix erausbruecht. Déi original Single déi dann och um neien Album vu Coldplay drop war huet et international iwwerall ganz uewen an d'Charts gepackt.

Villäicht packt d'Single et dann och elo nach eng Kéier als David Guetta Remix an d'Charts.