BTS waren déi grouss Gewënner vum Owend.

An der Nuecht op e Méindeg gouffen d'American Music Awards verdeelt. Dëse Präis gëtt et scho säit 1973 an d'Fans kënne per Online-Formulaire ofstëmmen.

Dëst Joer heeschen déi grouss Gewënner da BTS. Déi koreanesch Boy-Band huet am ganzen 3 Awards gewonnen. Niewent dem Präis fir déi beschte Kënschtler vum Joer kruten si dann och nach ee Präis fir de beschte Pop-Song ("Butter") a bescht Pop-Band vum Joer.

D'Olivia Rodrigo war am ganzen a 7 Kategorien nominéiert, konnt awer am Endeffekt just ee Präis an der Kategorie "Best Newcomer" mat heem huelen.

All d'Gewënner fannt der HEI.