De Shuffle-Button soll an der Streaming App bäi engem Album net méi aktiv sinn.

Nodeems d'Adele d'lescht Woch säin neien Album "30" erausbruecht huet, hat d'Sängerin eng Diskussioun mam schwedesche Streaming-Portal Spotify. D'Adele huet gefuerdert, dass de Shuffle-Button, deen en Album an enger Zoufalls-Reiefolge ofspillt soll ewechfalen. Dësen ass nämlech bis elo ëmmer aktiv gewiescht wann een een Album gelauschtert huet.

D'Adele sot dass d'Museker sech net géifen aus Dommheet eng Reiefolge vun de Lidder op engem Album afale loossen. Een Album hätt eng Geschicht ze erzielen an dofir wier et esou wichteg dass d'Lidder an der richteger Reiefolge gelauschtert géife ginn.