Den "Heimwerker King" Fynn Kliemann ass zeréck mat sengem drëtten Album.

De Fynn Kliemann ass niewent Hausbootbesëtzer a Bastler vun allem méiglechem awer och Museker. Elo huet de Museker dann ugekënnegt, dass de 17. Dezember säin neien an drëtten Album "Nur" soll erauskommen.

Um Album sollen da gréisstendeels Pianoslidder a Remixen drop sinn. Den Album wäert dann och haaptsächlech digital op de Streaming-Portaler ze lauschtere sinn. Et wäert just eng ganz limitéiert Unzuel un Vinyl-Placke vum Album verkaaft ginn. Dës wäerten allerdéngs ganz séier ausverkaaft sinn.