Déi 64ten Editioun vun de Grammys wäert den 31. Januar zu Los Angeles sinn.

Als Museker oder als Band gëtt et warscheinlech kee méi ee grousse Präis wéi ee Grammy ze gewannen.
Den 31. Januar 2022 wäerten dës dann och fir déi 64ten Kéier zu Los Angeles verdeelt ginn.

Elo hunn d'Organisateuren dann och déi Nominéiert an deene verschiddene Kategorië released.

Déi géisst Chance wäerten dann den Justin Bieber mat 8 Nominatioune souwéi d'Doja Cat an H.E.R. hunn. Am ganze wäerten et 86 verschiddene Kategorië ginn.

Awer och d'Billie Eilish an d'Olivia Rodrigo si fir en Rei Kategorien nominéiert a gëllen als Favorite fir ee Grammy.

Déi ganz Lescht mat allen 86 Kategorië fann der HEI.