Haut virun 30 Joer ass de Sänger vun der englescher Band Queen zu London gestuerwen.

Bis haut gëllt de Freddie Mercury ass ee vun deene gréisste Sänger déi et jee gi sinn. Säit de 70er Jore war hien als Lead-Sänger vun der legendärer Band Queen op der ganzer Welt ënnerwee. Mat Songs wéi "Bohemian Rhapsody", "We Are The Champions" oder "Love Of My Life" hunn Queen bis haut Lidder geschriwwen déi d'Museksbranche verännert hunn.

Am Alter vun nëmme 45 Joer ass de Freddie Mercury dunn leider de 24. November 1991 zu London un der Krankheet AIDS verstuerwen. An engem Interview huet de Sänger eng Kéier gesot: "Ech weess dass ech net fir ëmmer mat dobäi wäert sinn, mee et gëtt ganz schwéier mech ze ersetzen."