D'Lidder gi jo ëmmer méi kuerz mee net beim Taylor Swift.

Hautzedaags sinn déi meeschte Lidder déi um Radio an an den Charts platzéiert sinn tëschent 2 an 3 Minutten. Elo huet déi amerikanesch Sängerin Taylor Swift et awer gepackt mat senger 10 Minutte Single "All Too Well" op der Platz 1 vun den US-Charts ze stoen an domat brécht hat den 49 Joer ale Rekord vum Don McLean, deen am Joer 1972 mat der 8 Minutte 40 Single "American Pie" déi bis elo längste Single op der Nummer 1 hat.