Den "Jackass"-Star Steve-O kennt een eigentlech éischter als Schauspiller.

De Steve-O ass duerch d'Matspillen an den "Jackass" Filmer bekannt ginn. An dëse Filmer goufen sech selwer net immens seriö geholl an et goung eigentlech drëm fir immens spektakulär Stunts ze maachen.

Elo huet de Schauspiller Steve-O dann ugekënnegt, dass hien och lo an d'Museksbranche well raklammen. Hien huet wëlles ee Rap-Album opzehuelen an deem hien dech Geck mat allem a jidderengem géif maachen. Et wier definitiv als Comedy unzegesinn an net ze seriö ze huelen. Hien géif sech och wënschen, wann deen oder anere bekannte Rapper als Gaascht mat um Album drop wier.