Direkt no hirem Album "Music of the Spheres" sin Coldplay mat neier Musek zeréck.

Déi brittesch Pop-Band Coldplay huet virun e puer Wochen hiren aktuellen Album "Music Of The Spheres" released. Mat dësem haten si och deen een oder anere Rekord gebrach an eng Tour vun iwwer 80 Concerten ugekënnegt.

Elo si Coldplay awer méi séier zeréck wéi een sech dat geduecht hätt. An engem Snippet deen si op Instagram gepost haten, hunn si eng nei EP fir den 2. Dezember ëm 17.00h ugekënnegt. D'EP soll ënnert dem Numm "Infinity Station Sessions EP" erauskommen. Op der EP sollen dann eng Rei Live-Versioune vu Lidder vum aktuellen Album drop sinn.

Dat ganzt kënnt da bäi Apple Music eraus a gehéiert zu enger Rei vu Release vu bekannte Kënschtler bis Chrëschtdag.