Fir Chrëschtdag hunn déi zwee Museker hir Single "Merry Christmas" released.

Chrëschtdag 2020 huet de Sir Elton John dem Ed Sheeran ugeruff a gefrot, ob hien net duerch Zoufall Loscht hätt zesumme mat him eng Chrëschtdagssingle ze released. Den Ed Sheeran huet natierlech direkt zougesot ënnert der Konditioun, dass et eng kitscheg Single mat "allem drum und dran" géif ginn.

Elo ass se dann endlech dobaussen. Mat "Merry Christmas" hunn déi zwee brittesch Museker da warscheinlech de Soundtrack fir d'Feierdeeg vun dësem Joer geliwwert. Och de Museksvideo ass definitiv derwäert ze kucken.