Dës Kéier huet d'Sängerin zesumme mam Kid Cudi d'Single "Just Look Up" released.

D'Popsängerin Ariana Grande huet fir seng nei Single "Just Look Up" mam Rapper Kid Cudi zesummegeschafft. An der Single sangen déi zwee dovunner, dass een sech ëmmer voll a ganz der Léift higi soll an op d'Wëssenschaftler soll lauschteren.

D'Single ass dann och d'Titelmusek vum Film "Don't Look Up" deen de 24. Dezember op Netflix wäert ulafen. Am Film spillen dann zum Beispill och Leit wéi de Leonardo DiCaprio oder Jennifer Lawrence mat. Am Film geet et dorëms, dass een Asteroid  soll op d'Äerd falen an d'Mënschheet ausrotte soll.