Dësen Dënschdeg: ee weideren Top Concert um Hitradio zu Lëtzebuerg! Dës Kéier: Krafklub live vum Rock Am Ring Festival.

D'Band Krafklub huet sech am Joer 2010 zu Chemniz am Oste vun Däitschland gegrënnt an hat definitiv ee gudde Start an d'Museksbranche. Mat hirer Power-Rock Musek hunn si den Nerv vun immens ville Leit getraff an esou hunn si direkt immens vill Fans kritt.

Am Joer 2012 stoungen si beim "Food For Your Senses" Festival zu Tënten op der Bün. Nëmmen ee Joer duerno stoungen si op der Mainstage vum "Rock Am Ring" Festival an der Eifel viru 85.000 Leit. Also definitiv ee gudde Start.

Mat hiren Alben "Mit K" an "In Schwarz" hunn si et gepackt op all Festival gebucht ze ginn an all Tour auszeverkafen.

Säit 2017 an dem leschten Album "Keine Nacht Für Niemand" gouf et awer elo bësse roueg ëm d'Band. Elo hunn si awer ugekënnegt, dass si am Joer 2022 awer rëm zeréck wieren. Villäicht souguer mat engem neien Album.

Eldoradio bréngt iech Kraftklub heem op d'Couche: E Dënschdeg den Owend vun 19h00 un um Eldo a via Livestream op eldo.lu an an der App.