Déi koreanesch Boy-Band BTS wäert am Joer 2022 bësse méi lues maachen.

BTS sinn definitiv am Moment eng vun deenen erfollegräichste Bands op der Welt. Mat Lidder wéi "Permission to Dance" oder "Butter" hunn si de weltwäite Marché erobert. Mat hirer neister Single "My Universe" zesumme mat der brittescher Band Coldplay war hiren neiste Welt-Hit.

No hirem Debut-Album am Joer 2014 koumen d'Museker vu BTS net méi sou richteg zur Rou. Elo hunn si dann op hirem Instagram-Account ugekënnegt, dass si eng Paus géife maachen. Dëst wier awer net d'Enn vun der Band mee wierklech just eng Paus. Si freeën sech drop, dass si dëst Joer fir déi éischte Kéier fir d'Chrëschtdeeg bei hire Famillje sinn.