Den amerikanesche Schock-Rocker war awer fir 2 Grammys nominéiert.

Nodeems de Marilyn Manson an der leschter Zäit méi dacks an der Kritik stoung an och d'Police amgaang ass säin Haus ze duerchsichen huet hien elo missen eng vu sengen zwou Grammy Nominatiounen ofginn.

De Marilyn Manson kritt nämlech virgeworf, dass hien anscheinend soll Frae mësshandelt an agespaart soll hunn. Bis elo ass de Museker awer nach net verurteelt ginn.

Seng zweet Nominatioun fir d'Matschreiwe vum Kanye West sengem Album "Donda" kann de Museker awer nach gewannen.