Nodeems de Gittarist vun der Band schonn ee neien Album ugekënnegt huet, solle Rammstein dann och am Moment een neie Museksvideo dréinen.

Rammstein gehéieren zu deene bekanntste Rock-Bands am Moment. Hir Tournéeë sinn a Minutten ausverkaaft an d'Concerten immens spektakulär. Och hei am Land konnten si elo schon 3 mol ee Concert spillen.

Nodeems de Richard Kruspe, Gittarist vun der Band schonn an engem Interview verroden huet, soll nach virum Start vun der nächster Tour de 15. Mee een neie Rammstein Album erauskommen.

Dës weidere sinn dann och elo Indicen opgetaucht, dass d'Museker sech am Moment zu Warschau ophalen an ee Museksvideo dréinen. De Regiesseur Jörn Heitmann, dee scho mat Bands wéi K.I.Z oder Kraftklub zesummegeschafft huet.  Genau dëse Regisseur huet da lo op Instagram eng Foto virun enger bluttverschmierter Mauer gepost an drënner geschriwwen: "Let the be blood. You got it". Dat ganzt soll dann an enger Psychiatrie gefilmt gi sinn.