De nigerianesche Rapper a Sänger huet sech Ënnerstëtzung vum brittesche Star-Sänger Ed Sheeran geholl.

De Fireboy DML ass ee Sänger a Rapper aus Nigeria, dee mat senge 25 Joer schonn zwee Studio Albe released huet. Elo huet hien dann seng nei Single "Peru" released, fir déi hien sech Hëllef vum brittesche Star-Sänger Ed Sheeran geholl huet. D'Single ass eng Mëschung tëschent Reggae a R&B dee vum Ed Sheeran senger onverkennbarer Stëmm ofgeronnt gëtt.

Fir Fireboy DML war dës Zesummenaarbecht een immens grousse Moment an hien hofft, dass an Zukunft nach déi eng oder aner Single zesumme mam brittesche Sänger wäert erauskommen. Et wier och wichteg fir den Afrobeats Genre fir mat aneren internationale Kënschtler zesummen ze schaffen.