Dësen Dënschdeg: ee weideren Top Concert um Hitradio zu Lëtzebuerg! Dës Kéier: The Killers live aus der Royal Albert Hall zu London.

Déi amerikanesch Rock-Band The Killers hunn sech am Joer 2001 zu Las Vegas gegrënnt an hunn mat hirem éischten Album "Hot Fuss" am Joer 2004 direkt mat Hits wéi "Mr. Brightside" eng grouss Fan-Base kreéiert. Mat dësem Album stoungen si dann och iwwer 250 Wochen an de britteschen Charts an dës Songs gëlle bis haut als hir gréissten Hits.

Op hirem drëtten Album "Day & Age" war dann zum Beispill nach d'Single "Human" mat drop deen ënnert anerem duerch vill Reklammen berüümt ginn ass.

Am Joer 2009 haten The Killers déi grouss éier an der legendärer Royal Albert Hall zu London ze spillen. Hei stounge schonn déi ganz grouss Bands op der Bün. Freet iech also op gutt zwou Stonnel Concert an iwwer 20 Lidder.

Den 10. Juli 2022 wäerten The Killers dann och hei a Lëtzebuerg optrieden an zwar bei engem Open-Air Concert virun der Rockhal.

Eldoradio bréngt iech The Killers heem op d'Couche: E Dënschdeg den Owend vun 19h00 un um Eldo a via Livestream op eldo.lu an an der App.